Ben Polidori | |
---|---|
Gebuer |
13. November 1989 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Informatiker, Politiker |
Partei | Piratepartei Lëtzebuerg |
De Ben Polidori, gebuer den 13. November 1989 zu Esch-Uelzecht[1], ass e lëtzebuergeschen Informatiker a Politiker (Piraten). Hie gouf an de Chamberwalen 2023 fir d'éischt Kéier am Bezierk Norden an d'Chamber gewielt, wou hien d'Piratepartei vertrëtt.[2] Am selwechte Joer gouf hie bei de Kommunalwalen an de Gemengerot vu Viichte gewielt.[3] Bekannt ass de Ben Polidori och fir seng Karriär am Foussball.
De Ben Polidori huet zanter 2011 bei POST Lëtzebuerg geschafft a war do zanter 2021 Chef vum Service „Engineering & Support".[4] Wéinst sengem politesche Mandat an der Chamber huet hien 2023 déi Aarbecht opginn, fir Vollzäit-Politiker ze sinn.[5]
Bei de Gemengewalen 2023 gouf hien an de Gemengerot vun der Gemeng Viichten gewielt[6]. Fir d'Chamberwalen 2023 huet hien als Spëtzekandidat am Bezierk Norde fir d'Piratepartei kandidéiert a gouf an d'Chamber gewielt[7]. Besonnesch an de Beräicher vun der Digitalisatiouns-, Educatiouns- a Familljepolitik ass de Ben Polidori aktiv.[8]
Bis zu sengem 19. Liewensjoer huet de Ben Polidori zu Diddeleng gewunnt an huet do fir de lokale Foussballsveräin F91 gespillt mat deem hien zweemol Lëtzebuerger Meeschter gouf.[9] Duerno war hien dräi Joer bei der UN Käerjeng 97, éier en 2014 bei d'US Rëmeleng an 2021 bei den FC Koeppchen gewiesselt huet.[10] Hien huet am lénkse Mëttelfeld fir d'U21 gespillt an ee Gol a sechs Lännerspiller geschoss.[11] Säin héchste Maartwäert als Spiller louch bei 50.000 Euro.[12]
De Ben Polidori gouf zu Esch-Uelzecht gebuer, huet dono zu Diddeleng a Wincheringe gewunnt an nennt säit 2018 Viichte säin Doheem.[13] Hien ass bestuet an huet e Kand.[14]