Blankenberge | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Flandern |
Communautéit | Flämesch Communautéit |
Provënz | Provënz Westflandern |
Arrondissement | Bruges |
Awunner | 20.349 (1. Januar 2018) |
Fläch | 1.741 |
Koordinaten |
51° 18’ 54.25’’ N 03° 07’ 51.78’’ O |
Telefonszon | 050 |
Postcode | 8370 |
Websäit | https://www.blankenberge.be/ |
Blankenberge ass eng Uertschaft a Gemeng déi an der Belsch an der Provënz Westflandern, um Nordmier läit.
An der Regioun ëm Blankenberge si Reschter vu Siidlungen aus prehistorescher Zäit fonnt ginn. Duerno war d'Regioun vun de Gallier, Réimer a Franke bewunnt.
Tourismus ass ëm 1750 opkomm, wéi déi éischt Bierger aus der räicher Handelsstad Bruges zu Blankenberge Vakanz gemaach hunn.
Blankenberge läit op der Streck vum Kusttram, an huet 5 Tramhalten op där Streck. Donieft assuréiert d'SNCB e Stonnentakt mat InterCityzich.
Am Summer ass Blankenberge ënner der Woch den Terminus vun zwéin Zich vum InterCity J, sonndes an op Feierdeeg fiert de Lëtzebuerg-Blankenberge-Express.
Commons: Blankenberge – Biller, Videoen oder Audiodateien |