Christopher Reeve | |
---|---|
Gebuertsnumm | Christopher D'Olier Reeve |
Gebuer |
25. September 1952 New York |
Gestuerwen |
10. Oktober 2004 Mount Kisco |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Juilliard School, Cornell University, HB Studio |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Theaterschauspiller, Synchronspriecher, Schauspiller, Regisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur |
Famill | |
Papp | Franklin D'Olier Reeve |
De Christopher D'Olier Reeve, gebuer de 25. September 1952 zu New York City a gestuerwen den 10. Oktober 2004 zu Mount Kisco, New York, war en US-amerikanesche Schauspiller, Regisseur an Auteur. Hien ass virun allem bekannt dofir, de Personnage vum Comicheld Superman tëscht 1978 an 1987 a véier Filmer geezpillt ze hunn. 1995 war hien, no engem Accident, wou e vun engem Päerd gefall war, querschnëttsgeleemt. Hien hat duerno awer nach déi eng oder aner Filmroll, sou z. B. an engem Remake vum Alfred Hitchcock sengem Rear Window (an deem den Haaptpersonnage an engem Rollstull sëtzt). Hien huet och eng Kéier, beim Film The Brooke Ellison Story (2004), Regie gefouert, an ass Auteur vu Bicher iwwer säi Liewen.
Commons: Christopher Reeve – Biller, Videoen oder Audiodateien |