Dante Donzelli | |
---|---|
Gebuer |
26. Oktober 1909 Cattolica |
Gestuerwen |
27. September 1999 Saint-Mihiel |
Nationalitéit | Italien, Frankräich |
Aktivitéit | Sculpteur, Moler |
Famill | |
Papp | Duilio Donzelli |
![]() |
Den Dante Donzelli, gebuer de 26. Oktober 1909 zu Cattolica op der Adriaküst an Italien[1], a gestuerwen zu Saint-Mihiel de 27. September 1999 [2], war e Sculpteur a Moler vun italieenescher Ofstamung, deen haaptsächlech a Loutrengen gelieft a geschafft huet.
Den Dante Donzelli ass zu Esch-Uelzecht opgewuess, wouhi seng Famill 1912 aus Italien emigréiert war. Am Alter vun 11 Joer huet de klengen Dante scho sengem Papp Duilio Donzelli gehollef, u Skulpturen ze schaffen. 1924 gouf säi Papp wéinst sengem politeschen Aktivitéiten aus dem Land verwisen, an den Dante ass mat senger Famill op Lacroix-sur-Meuse a Frankräich geplënnert, spéider op Saint-Mihiel. Do huet hie sech de 17. Oktober 1936 bestuet.[1] 1940 ass hien zesumme mat sengem Papp an déi franséisch fräi Zon op Saint-Marcel-lès-Valence wunne gaangen, wou se bis 1945 bliwwe sinn a vill Wierker geschaf hunn.[3]
Nom Zweete Weltkrich koum hien zeréck op Saint-Mihiel, wou hie bis an en héijen Alter Conservateur vun der Benediktinerbibliothéik war.
Zu Saint-Mihiel huet hie säin Atelier fir Skulptur a Molerei bis an d'1990er Jore bedriwwen an huet do 1963 eng Konschtmolereischoul gegrënnt, déi vun der Stad iwwerholl gouf.[3],[4]
Hie war de Grousspapp vun der franséischer Actrice a Regisseurin Valérie Donzelli[5].
Zu Esch-Uelzecht sinn en ettlech Skulpture vu sengem Papp Duilio Donzelli a vun him ze gesinn.
Commons: Dante Donzelli – Biller, Videoen oder Audiodateien |