Dinant | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Provënz Namouer |
Arrondissement | Dinant |
Awunner | 13.544 (1. Januar 2018) |
Fläch | 9 980 |
Koordinaten |
50° 15’ 31’’ N 04° 54’ 43’’ O |
Telefonszon | 082 |
Postcode | 5500 |
Websäit | http://www.dinant.be |
Dinant ass eng belsch Stad a Gemeng an der Wallounescher Regioun, an der Provënz Namouer.
Dinant läit um rietsen Uwänner vun der Meuse, eng 16 km nërdlech vun der franséischer Grenz a 24 km südlech vun Namouer. 2002 hat Dinant 12 763 Awunner. Wénst senger Lag am Meuse-Dall, a verschiddene Grotten an der Ëmgéigend, ass DInant eng beléiften Touristendestinatioun.
Anhée, Anseremme, Bouvignes-sur-Meuse, Dinant, Dréhance, Falmagne, Falmignoul, Foy-Notre-Dame, Furfooz, Lisogne, Sorinnes an Thynes an d'Quartiere vu Les Rivages, Leffe an Neffe.
Anhée | Yvoir | |||
Onhaye | N | Ciney | ||
W Dinant O | ||||
S | ||||
Hastière | Houyet |
Dinant war eng vun den 23 Bonnes villes vum Fürstentum Léck.
Am Éischte Weltkrich goufe beim Duerchmarsch vun der däitscher Arméi 674 Männer, Fraen a Kanner erschoss, a ganz Quartiere vun der Stad néiergebrannt, fir "Franc-tireurs" ze bestrofen, déi do solle gewiescht sinn.
Schonn 1466 gouf d'Stad vum Grof vu Flandern, Herzog vum Brabant, dem Limburg an der Bourgogne geplëmmt an zestéiert, well Leit vun do e sollte vernannt gehat hunn. 800 Leit goufen an der Meuse erdronk.
Commons: Dinant – Biller, Videoen oder Audiodateien |