![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Doudesstrof ass d'Ëmbrenge vun engem Mënsch op enger gesetzlecher Basis, als Strof fir e Verbriechen, fir dat hie schëlleg gesprach gouf. An der Reegel geschitt dat opgrond vun engem Urteel, dat duerch d'Hiriichtung vum Schëllege vollstreckt gëtt.
Zanter Joerdausende gi besonnesch schwéier Verbriechen duerch d'Hiriichte vun de Schëllege bestrooft. Eréischt zanter dem Zäitalter vun der Opklärung an Europa hunn d'Humanisten d'Recht vun den Autoritéiten, fir Mënschen hinzeriichten, ëmmer méi a Fro gestallt. Ee vun de bekanntsten humanisteschen a politesche Plaidoyeren ass sécherlech de Roman "Le dernier jour d'un condamné" vum Victor Hugo[1].
Zanter dem 18. Joerhonnert hu verschidde Staaten op d'Doudesstrof verzicht. Opgrond vun den Experienzen an de Weltkricher, besonnesch awer zanter de Joren 1970 bis 1990, hunn ëmmer méi Staaten d'Doudesstrof ofgeschaaft oder net méi ausgeféiert.
Haut ass d'Doudesstrof am Strofrecht international ëmstridden. Si wërft vill eeethesch, rechtlech a praktesch Froen op, virun allem déi vun hirer Kompatibilitéit mat de Mënschenrechter. Vill ONGen triede fir eng weltwäit Ofschafung, oder Net-Uwennung vun der Doudesstrof an. Als Schrëtt an déi Richtung fuerdert d'Vollversammlung vun de Vereenten Natiounen e weltwäite Moratorium fir Hiriichtungen.
Zu Lëtzebuerg gouf d'Doudesstrof fir d'lescht de 24. Februar 1949 ausgeféiert. 1979 ass se per Gesetz ofgeschaaft ginn, an 1999 gouf an der Verfassung festgehalen, datt se net méi agefouert ka ginn.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Doudesstrof zu Lëtzebuerg.
Theorie
Geschicht
Statistik
Literatur
Aktualitéit
Commons: Death penalty¦Doudesstrof – Biller, Videoen oder Audiodateien |