Elias Canetti
Gebuer 25. Juli 1905
Russe
Gestuerwen 14. August 1994
Zürich
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Bulgarien
Educatioun Universitéit Wien
Aktivitéit Schrëftsteller, Aphoristiker, Dramatiker, Chimist, Essayist
Member vun Deutsche Akademie für Sprache und Dichtung, Bayerische Akademie der Schönen Künste
Famill
Bestuet mat Veza Canetti
Geschwëster Georges Canetti, Jacques Canetti

Den Elias Canetti, gebuer de 25. Juli 1905 zu Russe, Bulgarien a gestuerwen de 14. August 1994 zu Zürich, war en ufanks bulgareschen, spéider brittesche Schrëftsteller, dee virun allem op däitsch geschriwwen huet. Hie krut 1981 den Nobelpräis fir Literatur.

Liewen a Wierk

De Canetti koum aus enger sephardesch-jiddescher Händlerfamill. 1912 ass e mat der Famill an Éisträich, 1916 an d'Schwäiz wunne gaangen. 1921 ass de Canetti eleng an Däitschland geplënnert, wou en 1923 seng Première gemaach huet.

Dat Joer drop huet hien nees zu Wien gewunnt an huet an der Chimie promovéiert, huet awer weider net méi an deem Beräich geschafft. Säin Haaptinteressi huet der "Mass" gegollt, d. h. wéi a firwat Mënschen an enger grousser Grupp sech no bestëmmte Mustere behuelen, a firwat se engem dee se uféiert, nolauschteren an nolafen.

Vun 1930 un huet hien u sengem Romanzyklus aus aacht Bänn geschafft, deem säin éischte Band, Die Blendung 1931 fäerdeg gouf. 1938 ass en nom "Anschluss" vun Éisträich un d'Däitscht Räich mat senger Fra Veza op London emigréiert, wou en och nom Zweete Weltkrich bliwwen ass an déi brittesch Nationalitéit krut. Vun den 1970er Joren un huet hien ëmmer méi an der Schwäiz gelieft, an den 1980er bal nëmmen nach. De Canetti ass 1994 zu Zürich gestuerwen.

Säi literarescht Wierk ass ganz villsäiteg, souwuel wat d'Sujeten wéi och, wat d'Gattunge betrëfft. Nieft dem Roman Die Blendung huet hien dräi Theaterstécker geschriwwen, eng anthropologesch Etüd (Masse und Macht), aphoristesch Aufzeichnungen an eng Autobiographie an e puer Bänn.

Vun den 1960er Joren u krut hien eng ganz Rëtsch Präisser an Auszeechnungen, dorënner den Deutscher Kritikerpreis, de Literaturpreis der Stadt Wien, de Großer Literaturpreis der Bayerischen Akademie der Schönen Künste, de Georg-Büchner-Präis, den Nelly-Sachs-Preis, an zu gudder Lescht 1981 de Literatur-Nobelpräis.

Wierker

Originaleditiounen

Die Blendung

Sammeleditiounen

Literatur

Um Spaweck

Commons: Elias Canetti – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wikiquote: Elias Canetti – Zitater