Ella Fitzgerald
Gebuertsnumm Ella Jane Fitzgerald
Gebuer 25. Abrëll 1917
Gestuerwen 15. Juni 1996
Beverly Hills
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit USA
Aktivitéit Liddermécher, Komponist, Dirigent, Bandleader, Filmschauspiller, Discographesche Kënschtler, Jazzmuseker, Sänger
Famill
Kanner Ray Brown, Jr.
d'Ella Fitzgerald (1946).

D'Ella Jane Fitzgerald , gebuer de 25. Abrëll 1917 zu Newport News Virginia, a gestuerwen de 15. Juni 1996 zu Beverly Hills, Kalifornien, war eng US-amerikanesch Jazz-Sängerin. Hir Stëmm goung iwwer 3 Oktaven, a si gouf dacks "First Lady of Song" oder "Queen of Jazz" genannt. Hir Stëmm hat en helle Klank, si hat eng perfekt Diktioun an Intonatioun, a konnt besonneg beim Scat Gesang, bal wéi eng Trompett improviséieren.

D'Fitzgerald huet d'Great American Songbook interpretéiert. An hirer iwwer 60järeger Carrière huet si 40 Milliounen Exemplaire vun den iwwer 70 Alben, déi se opgeholl hut, verkaf. Si huet 14 Grammy Awards gewonnen a krut vum Ronald Reagan d'National Medal of Arts a vum George H. W. Bush d'Presidential Medal of Freedom iwwerreecht.

Discographie (Auswiel)

Um Spaweck

Commons: Ella Fitzgerald – Biller, Videoen oder Audiodateien