Emil Haag
Gebuer 24. Juli 1942
Hënsdref
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Dikrecher Kolléisch
Aktivitéit Professer, Journalist, Gewerkschaftler, Schrëftsteller, Historiker

Den Emil Haag, gebuer de 24. Juli 1942 zu Hënsdref, ass e lëtzebuergesche Geschichtsprofesser, Historiker, a Gewerkschaftler.

Biographie

Den Emil Haag huet seng Secondairesstudien am Dikrecher Kolléisch gemaach[1]. No de Cours supérieurs an der Stad Lëtzebuerg goung hien d'éischt op Aix-en-Provence an dunn op Paräis Geschicht studéieren.

Nom Militärdéngscht an nom lëtzebuergeschen Doktorat (1968) gouf hie Professer am Stater Kolléisch. 1981 gouf hien 'Directeur adjoint', a vun 1993 bis 2007 war hien Direkter vum Kolléisch.

Vun 1969 un huet den Emil Haag och op der europäescher Antenn vun der Miami University (Ohio), dem John Dolibois Center an der Stad, spéider zu Déifferdeng dozéiert. Hie war och zwee Joer laang Guest Lecturer op der Miami University an Amerika (1971-1973). Do krut hien en "Award for outstanding teaching".

Vun 1973 bis 1980 huet hie Recherchen am lëtzebuergeschen Nationalarchiv gemaach, a vun 1980 u war hie Chargé de cours fir Zäitgenëssesch Geschicht am deemolege Centre universitaire de Luxembourg.

Den Emil Haag ass zanter 1978 membre correspondant vun der Section historique vum Institut grand-ducal, an zanter 2008 President vun der Union luxembourgeoise pour l'histoire et le patrimoine (ULHP).

Vun 1987 bis Dezember 2016 war den Emil Haag Nationalpresident vun der CGFP[2]. Den 12. Dezember 2016 gouf hie vum Romain Wolff, bis ewell Generalsekretär, als Nationalpresident vun der CGFP ofgeléist.

Tëscht 2000 an 2015 (dräi Mandater vu fënnef Joer) war hien och President vun der Beruffschamber vun der Fonction publique. Den 29. Juni 2015 gouf hie vum Romain Wolff un der Spëtz vun der Beruffschamber vun de Staatsbeamten ofgeléist; hien dréit zanterhier den Titel Éierepresident.

Wierker (Auswiel)

Literatur

Gielercher

Referenzen

  1. Amicale des anciens. Gekuckt de(n) 27 Dezember 2019.
  2. Emil Haag gëtt Presidence no 30 Joer of
  3. Memorial B n° 44 vun 1997 mat der Lëscht vun de Leit déi 1997 eng national Auszeechnung kritt hunn Archivéiert op 2020-01-21. Gekuckt de(n) 2013-01-01.