Emile Gretsch | |
---|---|
Gebuer |
12. August 1908 Iechternach |
Gestuerwen | 18. Juli 2004 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Fechter |
Den Emile (Bub) Gretsch, gebuer den 12. August 1908 zu Iechternach an do gestuerwen den 18. Juli 2004, war e lëtzebuergesche Fechter[1] a Fraendokter.
Hien huet am Fechten un 3 Olympesche Spiller deelgeholl (1948, 1952 a 1956) an huet sech individuell 1948 am Florett als 5., am Degen als 8. an 1952 mat der Ekipp als 4. am Dege klasséiert.
Den Emile Gretsch war Haffdokter an duerno Médecin de la Cour honoraire. Hie war de Jong vum Dr. Gust Gretsch.