Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Evy Friedrich | |
---|---|
Gebuertsnumm | Évrard Jean Pierre Friedrich |
Gebuer |
30. Abrëll 1910 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 30. Juli 1989 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Filmregisseur, Filmkritiker, Journalist |
Den Évrard Jean Pierre ("Evy") Friedrich gebuer den 30. Abrëll 1910 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 30. Juli 1989, war e lëtzebuergesche Journalist, Filmemécher, Editeur a Chronist.
Hien huet sech besonnesch fir de Kino intresséiert, an huet jorelaang Filmkritike publizéiert. 1947 huet hien och en eegene Kuerzfilm gedréint: Les danseurs d'Echternach, eng Docu-fiction iwwer d'Iechternacher Sprangpressioun. Dat war den éischte Lëtzebuergesche Film, deen zu Cannes um Filmfestival gewise gouf (Kategorie "Documentaire").
An den 1980er Joren hat hien am Lëtzebuerger Programm vu Radio Lëtzebuerg eng Chronik, Kalennerblieder genannt. Dës huet hien, no eegenen Aussoen, als eng Zort Virleefer vun engem Lexikon iwwer Lëtzebuerg ugesinn.
A sengem Roman De franséischen Doud vum Oscar Messidor vun 2007 huet de Josy Braun him, als "Fred Evrard", e literarescht Denkmal gesat.
Hien huet nach ënner follgende Pseudonymme geschriwwen: A. Béjo; C.T.; Jacques Cartier; Censor; Marcel Contin; E.F. / e.f.; Filaxen Hary; Fréf; Harungo Marino; Willy Helm; Impresario; Jacques et Marcel; Camille Kraus; Kucki; Le; René Maupert a Wanda.
Am Quartier Gaasperech vun der Stad Lëtzebuerg ass eng Strooss nom Evy Friedrich genannt: d'rue Evy Friedrich, eng Sakgass op béiden Enner, déi parallel zur Escher Strooss leeft an iwwer d'rue Léopold-Hoffmann z'erreechen ass. Den Numm krut d'Strooss duerch eng Decisioun vum Stater Schäfferot vum 11. November 2014.[1]