Frank Wilhelm
Gebuer 11. September 1947
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Professer

De Frank Wilhelm, gebuer den 11. September 1947 zu Iechternach ass e lëtzebuergeschen Enseignant, Auteur, Literaturkritiker a Literaturwëssenschaftler.

Biographie

No der Première am Iechternacher Kolléisch huet de Frank Wilhelm Franséisch op de Cours supérieurs zu Lëtzebuerg an op der deemoleger Sorbonne zu Paräis studéiert. Vun 1970 un huet hien am Iechternacher Kolléisch Franséischcourse ginn a vun 1994 un am Dikrecher Kolléisch. Zanter 1991 gëtt hien och Franséisch-Literatur-Coursen am Centre universitaire, der haiteger Université du Luxembourg.

De Frank Wilhelm huet 1992 op der Université Paris IV-Sorbonne mat enger Aarbecht iwwer La Francophonie du Grand-Duché de Luxembourg promovéiert, déi eng Zort Viraarbecht fir den Dictionnaire de la francophonie war, an deem fir d'éischt Kéier biographesch Informatioune mat Wierksbeschreiwungen iwwer déi franséischsproocheg Literatur zu Lëtzebuerg gesammelt sinn.

Hie leet de Centre d'études et de recherches françaises et francophones en littérature et linguistique vun der Universitéit Lëtzebuerg.

Schwéierpunkter vun de literaturwëssenschaftlechen Aktivitéite vum Frank Wilhelm sinn déi franséisch Romantik, d'Francophonie, d'Komparatistik, d'Bild vum Groussherzogtum an der Literatur an de Victor Hugo.

A villen Aarbechte bënnt de Frank Wilhelm säi Fuerschungsinteressi an d'Beschreiwung vum lëtzebuergesch-franséische kulturellen Transfert vum 19. Joerhonnert bis haut, an. Op déi Manéier versteet hie sech selwer als Medium tëscht deenen zwou Kulturen.

Dat huet mat sech bruecht, datt hie lëtzebuergesche Korrespondent ass vun der Revue d'histoire littéraire de la France, der Francophonie vivante, L'Année francophone internationale, an de Cahiers francophones d'Europe centre-orientale.

De Frank Wilhelm ass zanter 1996 Vizepresident vun der Association des amis de la maison de Victor Hugo à Vianden an huet grondleeënd zu der moderner Museographie vum renovéierte Musée littéraire Victor-Hugo zu Veianen bäigedroen.

Vereenzelt publizéiert de Frank Wilhelm ënner dem Pseudonym François Guillaume.

Auszeechnungen

Publikatiounen

Literatur

Um Spaweck

Commons: Frank Wilhelm – Biller, Videoen oder Audiodateien