Guillaume Leidenbach | |
---|---|
Gebuer |
13. Januar 1863 Ettelbréck |
Gestuerwen |
8. Mee 1943 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Riichter |
Partei | Rietspartei |
Famill | |
Kanner | Joseph Leydenbach |
De Guillaume Leidenbach, gebuer den 13. Januar 1863 zu Ettelbréck [1], a gestuerwen den 8. Mee 1943 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergesche Politiker (Rietspartei) a Riichter.
Hie war Riichter um Bezierksgeriicht Lëtzebuerg (Tribunal d'arrondissement de Luxembourg) a gouf den 31. Dezember 1912 zum Vizepresident vun deem Geriicht ernannt.[3]
Vum 15. Abrëll 1921 bis zu senger Nominatioun als Member vum Staatsrot de 14. Abrëll 1923[4] war hie Generaldirekter (Minister) fir Justiz a Bauten an der Regierung Reuter.
Hie war vum 14. Abrëll 1923 bis den 8. Mee 1943 Member vum Staatsrot.[5]
Hie war de Papp vum Joseph Leydenbach.