Harold Pinter | |
---|---|
Pseudonym | David Baron |
Gebuer |
10. Oktober 1930 London |
Gestuerwen |
24. Dezember 2008 London |
Doudesursaach | Liewerkriibs |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun |
Central School of Speech and Drama, Royal Academy of Dramatic Art |
Aktivitéit | Dramatiker, Schauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Theaterregisseur, Dichter, Romancier, Regisseur |
Member vun | Serbesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, Akademie der Künste Berlin, American Academy of Arts and Sciences, American Academy of Arts and Letters, Royal Society of Literature |
Famill | |
Bestuet mat | Vivien Merchant, Antonia Fraser |
Den Harold Pinter, CH, CBE gebuer den 10. Oktober 1930 zu London, an och do de 24. Dezember 2008 gestuerwen, war en engleschen Theaterschrëftsteller, Dréibuchauteur a Regisseur.
Seng kreativ Period huet sech iwwer méi wéi en halleft Joerhonnert gezunn. Vill vu senge fréie Wierker ginn zum Absurden Theater gezielt.Zu senge bekanntste Stécker zielen The Birthday Party (1957), The Homecoming (1964) a Betrayal (1978), déi en och fir de Kino adaptéiert huet. Och fir aneren Auteuren hire Wierker huet hien d'Dréibuch geschriwwen, dorënner The Servant (1963), The Go-Between (1970), The French Lieutenant's Woman (1981), The Trial (1993), a Sleuth (2007).
Hien huet och op der Bün, am Radio an an der Televisioun Regie bei sengen eegene wéi och bei aneren hirer Wierker gefouert.
Nieft enger ganzer Rëtsch aneren Auszeechnunge krut hien 2005 och de Literaturnobelpräis.
(U = Première)
Commons: Harold Pinter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Noriff