Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft an der Gemeng Bech. Fir de Lieu-dit mam änlechen Numm an der Gemeng Bäerdref, kuckt wgl. Heeschbech. |
Heeschbreg | |
---|---|
Heeschbreg (2016) | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Hersberg de: Hersberg |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Iechternach |
Gemeng | Bech |
Buergermeeschter | Jill Goeres |
Awunner | 90 |
1. Januar 2021; 1. Januar 2023 | |
Koordinaten |
49° 45’ 24’’ N 06° 19’ 41’’ O |
Heeschbreg ass eng Uertschaft an der Gemeng Bech, déi virun allem duerch d'Heeschbreger Bildchen bekannt ass.
Heeschbreg läit nërdlech vun der Schanz, an engem klengen Dall, duerch dat den Heeschbreger Wee leeft. D'Haiser sinn net laanscht Strooss, mä riets a lénks dovun, zum Deel e bëssen den Hang erop.
D'Géigend ëm Heeschbreg war schonn an der Bronzezäit bewunnt: An den 1960er Jore gouf beim Heeschbreger Bildchen eng stengen Aaxt aus där Zäit fonnt[1].
Um Flouer Kaasselt (deen op dat Laténgescht castellum zeréckgeet) si Reschter vun enger bal 300 m laanger gallo-réimescher Befestegungsanlag ze fannen. Dës gouf warscheinlech am 3.-4. Joerhonnert gebaut, wéi d'Germaneniwwerfäll an der Géigend zougeholl hunn. 1976-1977 gouf dës archeologesch ënnersicht[2].
Op der Ferraris-Kaart vun ëm 1775 sinn zu Hirsbourg zwee méi grouss Häff an ee méi e klengt Wiesen ze gesinn. Op der Kadasterkaart vun 1819 sinn nieft der Kapell 5 Häff agedroen.
Commons: Heeschbreg – Biller, Videoen oder Audiodateien |