Henri Losch
Den Henri Losch 2006
Gebuer 16. Juli 1931
Dikrech
Gestuerwen 26. Dezember 2021
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schoulmeeschter, Filmschauspiller, Schrëftsteller, Theaterschauspiller, Linguist, Dréibuchauteur
Den Henri Losch mat senge Schoulkanner 1956 zu Uewerpallen

Den Henri Losch, gebuer de 16. Juli 1931 zu Dikrech a gestuerwen an der Nuecht op de 26. Dezember 2021[1][2], war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Auteur a Film- an Theaterschauspiller.[3][4]

Hien ass zu Useldeng opgewuess an no der Primärschoul huet hie fir Schoulmeeschter geléiert. Seng éischt Plaz als Schoulmeeschter war zu Grooljen ier hien op Uewerpallen koum, wou hien 1956 dem Schoulmeeschter René Goebel seng Plaz iwwerholl huet a wou hie sech direkt als Theaterspiller wärend den dräi Joer, wéi hien do war, bemierkbar gemaach huet, ier hien 1958 an d'Stad an de Centre de logopédie gewiesselt huet. Als pensionéierte Schoulmeeschter vun der Stad Lëtzebuerg a Chargé-de-cours fir Dictioun am Escher Conservatoire, Theater a Filmacteur, Member vum Lëtzebuerger Theater 1962-1973 [5], wou hie sech als Schüler vum Eugène Heinen am Theaterspill perfektionéiert huet, Grënnungsmember vum TOL, Dréibuchauteur vun zwou grousse Filmproduktiounen, Déi zwéi vum Bierg an De falschen Hond[6], realiséiert vum Hei Elei, fräie Mataarbechter bei RTL, Conferencier a Presentateur vu Concerten[7][8], Éieremember vum Comité Alstad, huet hie sech zanter 1990 besonnesch mat der Lëtzebuerger Sprooch beschäftegt an huet och Lëtzebuergesch-Course ginn.

Hie war den Neveu vum Martin Losch, dem Grënner vum Garage Losch. Hie war de Papp vum Patrick Losch, dem President vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur vun natur&ëmwelt.

Bibliographie

Nieft de Wierker déi hei opgelëscht sinn, stame verschidden Artikelen an de Serië Galerie, Luxemburger Marienkalender, Eis Sprooch (Actioun Lëtzebuergesch), Arts et Lettres (Institut grand-ducal) an nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur aus der Fieder vum Henri Losch.

Fir ze lauschteren

Filmographie

als Schauspiller

als Dréibuchauteur

als Stëmm

Auszeechnungen a Gedenken

Reportagen a Reklammsfilmer

Interviewen an Artikelen

Verschiddenes

Um Spaweck

Commons: Henri Losch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Marie Gales: "Auteur, Schauspiller, Linguist a Schoulmeeschter Henri Losch gestuerwen." rtl.lu, 26.12.2021.
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 28. Dezember 2021
  3. https://www.wort.lu/de/kultur/der-haer-lehrer-und-das-wort-61c86e18de135b9236933add?fbclid=IwAR3rBSkHasQ-x5ziqbReEI85etqbzes-JB5ttvsSKnwBhUePGJCKA7uOTBk
  4. https://www.tageblatt.lu/headlines/luxemburger-autor-henri-losch-stirbt-mit-90-jahren/
  5. https://www.autorenlexikon.lu/page/author/386/3861/DEU/index.html
  6. https://www.100komma7.lu/article/aktualiteit/doud-vum-henri-losch
  7. Archive copy Archivéiert de(n) 2022-06-22. Gekuckt de(n) 2022-06-14.
  8. http://bissen.lightbulb.lu/wp-content/uploads/2019/04/Klautjen-2010-3.pdf
  9. In der Sprache zu Hause, Revue S.36, 06.01.2022
  10. https://www.mamer-geschicht.lu/page/mamer-geschichtsbuch-60107
  11. https://gouvernement.lu/dam-assets/fr/actualites/communiques/2002/09/26langues/brochure_rodange.pdf
  12. Archive copy Archivéiert de(n) 2022-06-27. Gekuckt de(n) 2022-06-11.
  13. https://useldeng.lu/wp-content/uploads/2020/11/Ripevusch-2018-2-3.pdf
  14. https://www.fspl.lu/wp-content/uploads/MdC-5.pdf
  15. https://m.imdb.com/name/nm0521294/filmotype/actor?ref_=m_nmfm_1
  16. https://www.imdb.com/title/tt0280402/fullcredits?ref_=tt_ov_st_sm
  17. https://www.land.lu/page/article/787/334787/DEU/index.html
  18. https://www.lessentiel.lu/de/story/der-kleine-prinz-spricht-jetzt-luxemburgisch-866879240707
  19. https://paperjam.lu/article/news-de-klenge-prenz-op-letzebuergesch
  20. https://literatour.lu/den-henri-losch-erzielt-seeercher-a-legenden/
  21. https://a-z.lu/primo-explore/fulldisplay?docid=ALEPH_LUX05000029954&context=L&vid=BIBNET&lang=fr_FR&search_scope=All_content&adaptor=Local%20Search%20Engine&tab=all_content&query=any,contains,Henri%20losch&offset=0
  22. https://www.lessentiel.lu/de/story/diese-buecher-haben-sich-2013-am-besten-verkauft-347863293065
  23. https://www.postphilately.lu/en-us/products/collectionneurs/timbres-de-collection/feuillet-superjhemp-retorns
  24. Archive copy Archivéiert de(n) 2022-06-23. Gekuckt de(n) 2022-06-11.
  25. https://www.luxtimes.lu/en/mywort/mamer/news/generalversammlung-der-mamer-geschicht-asbl-58fe28aea5e74263e13b5ec0