En Herbarium oder Herbar (v. lat.: herba = Kraut) ass eng Sammlung vu konservéierten (meeeschtens gedréchenten a gepressten) Planzen resp. Planzendeeler fir wëssenschaftleche Zwecker oder och d'Amateur-Beschäftegung mat der Botanik. Bei wëssenschaftlechen Herbarie sinn heiansdo verschidden Objeten naass (an Alkohol) konservéiert, oder bestinn aus Holzsammlungen (Xylarium).
Bei engem Herbarium sinn eenzel Planzen oder hir Deeler als Eenheet erkennbar an op engem Herbarbou opgepecht. Dobäi soll dokumentéiert sinn, wou an ënner wat fir Ëmstänn d'Planz fonnt gouf (Wëssenschaftlechen Numm, Datum, Plaz, Standuert, Sammler, Heefegkeet, aner Planzen op där Plaz, etc.).
En Herbarium erlaabt et de Botaniker, Planzen, déi vu verschiddene Plazen hierkommen, ze vergläichen oder nozeweisen, wat fir Planzenaarten op verschiddene Plaze virkommen.
Vill botanesch Gäert, naturwëssenschaftlech an -historesch Muséeën oder biologesch Universitéits-Instituter hunn Herbarien. All déi grouss a bedeitend Herbarien, déi international aktiv sinn, sinn am „Index Herbariorum“ opgelëscht (knapps 3.000, Stand Dez. 2016).[1]
Déi zéng gréisst Herbarien op der Welt sinn, dem Index Herbariorum no:
Zum Verglach: Den Herbarium vum Naturmusée Lëtzebuerg huet iwwer 100.000 Specimenen.[5]
Commons: Herbarien – Biller, Videoen oder Audiodateien |