![]() | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Hollerech |
Adress | 35, rue de Bouillon |
Fläch | 5,4937 ha |
Ugeluecht | 1879 |
Koordinaten |
49° 35’ 54.38’’ N 06° 06’ 50.54’’ O |
Gestioun | Service Cimetières vun der Stad Lëtzebuerg |
![]() |
Den Hollerecher Kierfecht (offiziell Cimetière de Hollerich) läit am Quartier Hollerech vun der Stad Lëtzebuerg an ass ee vun de 14 Kierfechter déi an d'Kompetenz vum Service Cimetières vun der Stater Gemeng falen. Mat knapp 5,5 ha ass et den drëttgréisste Kierfecht an der Stad.
De Kierfecht gouf 1879 ugeluecht an huet den alen Hollerecher Kierfecht ersat, deen 1904 zougemaach gouf[1].
Virun der Gemengefusioun vun 1920 huet den Hollerecher Kierfecht zur Gemeng Hollerech gehéiert[2].
De Kierfecht läit südlech vun der Bouillon-Strooss an nërdlech vun der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Klengbetten.
Um Hollerecher Kierfecht gëtt et Commonwealthgriewer wou 9 brittesch Zaldote begruewe sinn.
Commons: Hollerecher Kierfecht – Biller, Videoen oder Audiodateien |