Jaulny
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Meurthe-et-Moselle
Arrondissement Toul
Kanton Nord-Toulois
Postcode 54470
Gemengecode 54275
Koordinaten 48° 58’ 18’’ N
      05° 53’ 15’’ O
Fläch  825 ha
Bevëlkerung  254 (1999)

Jaulny ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Meurthe-et-Moselle an der Regioun Grand Est.

D'Uertschaft läit am Parc naturel régional de Lorraine, am Dall vum Rupt de Mad. Beim Bau vun der Eisebunnsstreck TGV-EST gouf se mediatiséiert, wéinst dem héchste Viaduc vun där Streck. D'Bréck ass 50 m héich a 480 m laang a féiert iwwer eng Eisebunnslinn déi Jaulny mat Thiaucourt-Regniéville verbënnt, an iwwer de Rupt de Mad deen do duerch eng Géigend leeft déi als ZNIEFF agedroen ass.

Schoul a Gemeng vu Jaulny

Kuckt och

[Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Jaulny – Biller, Videoen oder Audiodateien