Jean Pierre Maeysz | |
---|---|
Gebuer | 2. Mee 1780 |
Gestuerwen | 27. August 1866 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
![]() |
De Jean Pierre Maeysz (Johann Peter Mäysz), gebuer den 2. Mee 1780 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen, de 27. August 1866, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen.
No senger Priisterwei am Joer 1806 gouf Jean-Pierre Maeysz Vicaire zu Saarlouis; duerno huet hien am Kolléisch vu Phalsbourg Latäin enseignéiert. 1814 koum hien zeréck op Lëtzebuerg a war fir d'éischt Paschtouer vun der Par Sichenhaff (Bons-Malades) an duerno, bis 1841, vun der Par St. Jean am Gronn.
De Maeysz huet eng wichteg Roll bei der Kreatioun vun der École modèle, der Musterschoul fir Schoulmeeschteren, gespillt, déi 1818 gegrënnt gouf a wou hie vum Juli 1818 u bis zu hirer Ofschafung am Joer 1830 enseignéiert huet. De Maesz gouf 1849 "membre effectif"[1] vun der archeologescher Gesellschaft a war Grënnungsmember vun der Société des sciences naturelles.
De Maeysz huet eng Rei vu Schoulbicher publizéiert,[2] ë. a.: Chronologische Uebersicht der Geschichte der Stadt und des Gross-Herzogthums Luxemburg, nebst einer Topographie: zum Gebrauche der vaterländischen Elementar-Schulen des mittleren Unterrichts durch J.P. Mäysz. Zu Lützemburg: Schmit-Brück, 1819. 48 S.