Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Johann Wolfgang von Goethe
De Johann Wolfgang von Goethe am Alter vun 62 Joer
Gebuertsnumm Johann Wolfgang Goethe
Gebuer 28. August 1749
Frankfurt am Main
Gestuerwen 22. Mäerz 1832
Weimar
Doudesursaach Häerzschlag
Educatioun Universitéit vu Leipzig,
Universitéit vu Stroossbuerg
Aktivitéit Botaniker, Politiker, Moler, Philosoph, Theolog, Jurist, Konschtkritiker, Musekskritiker, Bibliothecaire, Dichter, Reesschrëftsteller, Physiker, Literat, Romancier, Dramatiker, Autobiograph, Diplomat, Staatsmann, Polymath, Aphoristiker, Diarist, Mineralog, Zoolog, Affekot, Komponist, Librettist, Schrëftsteller, visuelle Kënschtler, Konschthistoriker
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Fräimaurerei, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften

De Johann Wolfgang von Goethe, gebuer den 28. August 1749 zu Frankfurt am Main als Johann Wolfgang Goethe, a gestuerwen den 22. Mäerz 1832 zu Weimar, war en däitschen Dichter, Staatsmann an Naturwëssenschaftler. Hien ass dee bekanntste Vertrieder vun der "Weimarer Klassik" an eng grouss Perséinlechkeet vun der Weltliteratur, deen och nach hautdesdaags villen duerch säin Drama Faust an Erënnerung bliwwen ass.

Hie war mat der Christiane von Goethe, gebuere Vulpius bestuet; säin eenzege Bouf war den August von Goethe.

Säi Liewen

[änneren | Quelltext änneren]
Text um Gedenksteen um Fëschmaart als Erënnerung un dem Goethe säi Besuch zu Lëtzebuerg

De Goethe gouf den 28. August 1749 als Jong vum Johann Caspar Goethe, engem Jurist, a senger Fra Catharina Elisabeth (gebueren Textor), zu Frankfurt am Main gebuer. Am Joer 1750 koum seng kleng Schwëster Cornelia op d'Welt, wat ausser dem Goethe als eenzegt vun nach véier Geschwëster d'Kandheet iwwerlieft huet. De Goethe krut eng gutt Erzéiung an der Literatur; en huet Latäin, Griichesch, Hebräesch, Franséisch, Englesch an Italieenesch geléiert. Ausserdeem krut e Coursen am Zeechnen, Pianospillen, Fechten a Reiden.

Am Joer 1765 huet de Goethe ugefaangen, op Wonsch vu sengem Papp, zu Leipzeg Droit ze studéieren. Dobäi hat hie säin éischte Kontakt mat de Schrëfte vum Johann Joachim Winckelmann an hien huet ugefaange selwer Gedichter ze schreiwen. Well en awer schwéier krank ginn ass, huet hien dräi Joer méi spéit zeréck op Frankfurt misse goen. 1770 konnt de Goethe dunn zu Stroossbuerg weiderstudéieren an ee Joer méi spéit krut e säin Ofschloss. Zu Stroossbuerg ass hien och fir d'éischt Kéier dem Johann Gottfried Herder begéint, deen en a senger Aarbecht als Dichter a Philosoph beaflosst huet, andeems en de Goethe un d'Beweegung vum Sturm und Drang erugefouert huet.

Vu 1772 bis 1774 huet de Goethe um Geriicht zu Wetzlar geschafft, wou hien d'Charlotte Buff kennegeléiert huet. Dës éischt schmäerzlech Erfarung an der Léift huet als Inspiratioun gedéngt fir dem Goethe säi bekannt Wierk Die Leiden des jungen Werthers, dat 1774 erauskoum an a ganz Däitschland, a spéider och europawäit, fir Opreegung gesuergt huet. An dësem Bréifroman geet et drëm, datt de Werther, e jonke Mann, no e puer onglécklechen Affären, decidéiert sech ëmzebréngen. Dëst huet eng massiv Serie vu Suiziden ausgeléist. De Werther hat e sou e grousse Succès, datt e gläich a verschidde Sproochen iwwersat gouf. Duerch de Werther a säin Drama Götz von Berlichingen, dat ganz am Zeeche vum Sturm und Drang stoung, ass de Goethe als Schrëftsteller berüümt ginn.

Am Joer 1775 koum de Goethe op Weimar, wou e bis zu sengem Liewensenn bliwwen ass. Hien huet sech mat dem nach ganz jonken Herzog Carl August befrënnt, deen em eng Plaz als "Geheime Rot" a sengem "Grosse Consilium" verschaaft huet. Do war de Goethe nëmme 26 Joer al.

Ëm déi Zäit huet och seng Bezéiung mam Charlotte von Stein ugefaangen. Vue datt d'Charlotte von Stein bestuet war, huet hien zu hir awer déi néideg Distanz gehalen, an d'Bezéiung schéngt reng platonesch bliwwen ze sinn.

Am Joer 1786 huet sech de Goethe, ouni seng Frënn zu Weimar a seng Pläng anzeweien, op d'Rees an Italie gemaach. Dëst kann een als eng Aart Flucht gesinn. De Goethe huet sech och brennend fir d'Antiquitéit interesséiert a vu sengem Openthalt dovu profitéiert, fir all d'Monumenter a bekannt Biller kucken ze goen a Bicher ze liesen. Dobäi huet en awer net seng eegen Aarbecht vernoléissegt: hien huet seng Dramen Iphigenie, Torquato Tasso an Egmont fäerdeg geschriwwen, an huet sech den Naturwëssenschaften consacréiert. Dem Goethe seng Rees an Italie gëtt normalerweis als Ufank vun der Epoque vun der Klassik bezeechent; de Goethe huet, virun allem wéinst dem Kontakt mat der Antiquitéit, déi sou charakteristesch fir d'Klassik ass, d'Liewensgefill vum Sturm und Drang verluer.

Am Joer 1788 koum de Goethe aus Italien hannescht op Weimar. Hien huet eng Bezéiung mam Christiane Vulpius, enger Aarbechterin, ugefaangen, a mat hir a sengem Haus gewunnt, ouni mat hir bestuet gewiescht ze sinn, wat deemools als besonnesch onmanéierlech an dekadent gegollt huet. Hien huet sech eréischt am Joer 1806 mam Christiane Vulpius bestuet. Seng Bezéiung mam Charlotte von Stein ass doriwwer an d'Bréch gaangen.

1794 huet dann dem Goethe seng Frëndschaft mam Friedrich Schiller ugefaangen. Déi béid Dichter hu sech géigesäiteg Ureegunge ginn an inspiréiert. D'Joer 1797 gouf als "Balladenjahr" bezeechent, well deemools vill Balladen entstane sinn, ënner anerem Der Erlkönig oder Der Zauberlehrling vum Goethe an " Der Ring des Polykrates" oder "Der Taucher" vum Schiller.

Zwee Joer méi spéit, 1799, ass de Schiller och op Weimar geplënnert, fir méi no beim Goethe ze sinn. De Schiller huet de Goethe motivéiert, u sengem Drama Faust weiderzeschaffen.

Ab 1805, dem Joer vum Schiller sengem Doud, huet de Goethe ugefaange lues a lues ze vereinsamen. Vill vu senge Frënn si gestuerwen, seng Fra Christiane Vulpius am Joer 1816, seng Frëndin Charlotte von Stein am Joer 1827, säi Frënd den Herzog Carl August ee Joer méi spéit, 1828, a schlussendlech säi Jong am Joer 1830. Dem Goethe seng spéit Wierker, wéi zum Beispill Wahlverwandtschaften oder och Faust II, si scho vun der Romantik beaflosst, obwuel de Goethe sech ëmmer vun där Beweegung distanzéiert huet.

De Goethe ass den 22. Mäerz 1832 am Alter vun 82 Joer gestuerwen.

Fir un de Goethe z'erënnere goufen e puer Stroossen no him benannt, an zwar zu Diddeleng, Ollem an an der Stad.

Wierker

[änneren | Quelltext änneren]
De Goethe an Italien

Filmographie

[änneren | Quelltext änneren]

Editiounen

[änneren | Quelltext änneren]

Weimarer Editioun

[änneren | Quelltext änneren]

(143 Bänn, dovu 50 Bänn mat de Bréiwer, an 13 Bänn Tagebicher, all Band duerchschnëttlech 400 Säiten)

Hamburger Editioun

[änneren | Quelltext änneren]

Frankfurter Editioun

[änneren | Quelltext änneren]

Hanser Editioun

[änneren | Quelltext änneren]

Literatur

[änneren | Quelltext änneren]

Biographien

[änneren | Quelltext änneren]

Verschiddenes

[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och

[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Johann Wolfgang von Goethe – Biller, Videoen oder Audiodateien