Johnny Cash
Gebuertsnumm J. R. Cash
Gebuer 26. Februar 1932
Gestuerwen 12. September 2003
Nashville
Doudesursaach Zockerkrankheet
Nationalitéit USA
Aktivitéit Liddermécher, Schauspiller, Gittarist
Partei Onofhängeg
Member vun The Highwaymen
Famill
Bestuet mat Vivian Liberto, June Carter
Kanner Rosie Nix Adams, Rosanne Cash, John Carter Cash, Kathy Cash, Cindy Cash, Tara Cash

De Johnny Cash, gebuer de 26. Februar 1932 zu Kingsland, Arkansas, USA, a gestuerwen den 12. September 2003 zu Nashville, Tennessee, USA, war en US-amerikanesche Komponist, Sänger, Lidderschreiwer, Museker, Entertainer a Filmschauspiller.

De Cash war bekannt wéinst senger markanter Bassbariton-Stëmm an dem sougenannte „Boom-Chicka-Boom“-Sound vu senger Band Tennessee Three an och wéinst senge kriteschen an onkonventionellen Texter. Säi musikalesche Spektrum ass vun den 1950er Jore mat Country, Gospel, Rockabilly, Blues, Folk a Pop bis zum Alternative Country am Ufank vum 21. Joerhonnert gaangen. Legendär si seng Concerten an de Prisonge Folsom a San Quentin Enn der 1960er Joren.

De Johnny Cash, deen de Spëtznumm „Man in Black“ hat, huet zirka 500 Lidder geschriwwen, méi wéi 50 Milliounen Diske verkaaft a gouf mat 13 Grammyen ausgezeechent.

Discographie

Singles

De Cash huet mat 13 Singelen d'Plaz 1 vun den amerikanesche Country-Charts erreecht; déi éischt war 1956 I Walk the Line, déi lescht 1976 One Piece at a Time. Vill vu senge Single konnte sech och an den amerikanesche Pop-Charts placéieren.

Albumen (Auswiel)

1950er

1960er

1970er

1980er

1990er

Zanter 2000

Um Spaweck

Commons: Johnny Cash – Biller, Videoen oder Audiodateien