Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Luc Feller | |
---|---|
Gebuer |
5. August 1974 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | CSV |
De Luc Marie Norbert Feller[1], gebuer de 5. August 1974 zu Lëtzebuerg[2], ass e lëtzebuergesche Jurist[3] an CSV-Politiker. Hien ass zanter dem 8. Dezember 2023 Buergermeeschter vun der Gemeng Mamer[4].
De Luc Feller war zënter … Éischte Regierungsrot am Staatsministère bis en den 28. Oktober 2016 Haut-Commissaire à la protection nationale genannt gouf[5]. An där Funktioun war hien och zënter 2019 – als Vertrieder vum Staat – Member am nationale Sécherheetskommitee vun der ziviller Loftfaart[6][7] a vun 2021 un och Member am Conseil supérieur de la sécurité civile[8].
An de Koalitiounsverhandlungen no de Chamberwalen 2023 war de Luc Feller Assistent vum Formateur Luc Frieden.
De 15. Januar 2024 huet hie seng Plaz als Haut-Commissaire opginn an ass als Éischte Regierungsrot an de Finanzministère bei de Gilles Roth gewiesselt[9][10].
Bei de Gemengewalen 2005, 2011 an 2017 ass de Luc Feller zu Mamer an de Gemengerot gewielt ginn[11][12][13]. Den 22. Januar 2021 ass hien als Schäffe vereedegt ginn[14]. Bei de Walen 2023 ass hien erëmgewielt ginn[15] a koum direkt an de Schäfferot.
Am November 2023 ass de Luc Feller Buergermeeschter ginn, als Nofollger vum Gilles Roth, dee Finanzminister an der Regierung Frieden-Bettel gouf.