Luc Grethen | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
1. Dezember 1964 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Musikolog, Museker, Komponist, Dirigent |
![]() |
De Luc Grethen, gebuer den 1. Dezember 1964 an der Stad Lëtzebuerg, ass ee lëtzebuergesche Museker a Komponist.
De Luc Grethen huet um Stater Conservatoire Kompositioun, Orchestréierung an Dirigéiere studéiert, an op de Conservatoirë vu Stroossbuerg a Mons Hautbois a Cor anglais.
Vun 1983 bis 1987 huet hien op der Université des Sciences Humaines de Strasbourg weider Musekswëssenschafte studéiert an déi mat engem Master ofgeschloss.
Zanter 1990 gëtt hien um Stater Conservatoire Coursen a Museksgeschicht an ass zanter 1991 Professer fir Musekserzéiung. Hie komponéiert Wierker fir Kammermusek, an och Orchester- a Vokalwierker.
![]() |
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |