Madeleine Lebeau | |
---|---|
Gebuer |
10. Juni 1923 Antony |
Gestuerwen | 1. Mee 2016 |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Tullio Pinelli, Marcel Dalio |
D'Madeleine Lebeau, gebuer als Marie Madeleine Berthe Lebeau den 10. Juni 1923 zu Antony a Frankräich a gestuerwen den 1. Mee 2016 zu Estepona a Spuenien, war eng franséisch Schauspillerin.
Bekannt Filmer mat hir sinn Casablanca (1942) vum Michael Curtiz, Napoléon (1955) vum Sacha Guitry an 8½ (1963) vum Federico Fellini.
Vun 1938 bis 1943 war si mam Schauspiller Marcel Dalio a vun 1988 bis zu deem sengem Doud mam Dréibuchauteur Tullio Pinelli bestuet.