Marie-Paule Jungblut | |
---|---|
Gebuer |
12. Oktober 1964 Fribourg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Historiker |
D'Marie-Paule Jungblut, gebuer[1] den 12. Oktober 1964 zu Fribourg an der Schwäiz, ass eng lëtzebuergesch Historikerin, Philologin a Spezialistin fir Museologie.
Si huet Geschicht a Germanistik am Centre universitaire vu Lëtzebuerg an op der Universitéit Göttingen studéiert an dat Studium 1988 mat engem Magister Artium ofgeschloss. Duerno war si véier Méint laang Fuerschungsassistentin am europäeschen Institut fir Media zu Manchester. 1988/89 huet si (mam Denis Scuto a mam Pol Even) d'Ausstellung koordinéiert, déi um Lampertsbierg fir den 150. Anniversaire vun der lëtzebuergescher Onofhängegkeet organiséiert gouf. 1989/90 huet s'am Institut universitaire européen vu Florenz iwwer d'Evolutioun vum Nationalgefill gefuerscht.
No enger kuerzer Zäit als Enseignante am Lycée Robert-Schuman, ass d'Marie-Paule Jungblut 1992 Historikerin a Kuratorin am Déngscht vum Stater Geschichtsmusée (inkl. Villa Vauban) ginn. 2009 ass si do och 'Directrice adjointe' ginn. Tëscht 2004 an 2010 war d'M.-P. Jungblut Presidentin vum Internationale Comité vun de Muséeën an archeologeschen an historesche Sammlungen.
Si ass ufanks Februar 2012 zur Direktesch vum Historesche Musée vu Basel ernannt ginn[2] an huet hir nei Funktiounen den 1. August 2012 iwwerholl. Den 9. September 2015 huet si, wéinst "Differenzen" mat der Kulturdirektioun vun der Stad Basel, hire Récktrëtt bekanntginn.[3],[4]
Si ass d'Duechter vum Geriichtschroniker, Journalist, Auteur an Éditeur Tony Jungblut (1913-1975).