Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Mariendall | |
---|---|
Mariendall (2021) | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Marienthal de: Marienthal |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Miersch |
Gemeng | Helperknapp |
Buergermeeschter | Paul Mangen |
Awunner | 93 |
2021[1] | |
Fläch | 267,1748 ha[2] |
Héicht | 237 m |
Koordinaten |
49° 42’ 34’’ N 06° 03’ 32’’ O |
Mariendall (deels och Märjendall) ass eng Uertschaft an der Gemeng Helperknapp.
De Mariendall läit am Äischdall, am Nordoste vun Aansebuerg, op enger Héicht vun 236 Meter. E läit an enger grousser Kéier déi d'Äisch mécht, laanscht de Südhank mam Numm Rëbben dee vun Huelmes erofkënnt, an net wäit ewech vun der Reiterlee déi nordëstlech dovun eng bekannt Plaz, vun der Kopp a Bëschmassiv, mat dem Numm Buerggruef ass.
Ausser de Gebaier vum Klouschter gëtt et am Mariendall nach just een Haus, e fréiere Restaurant op der Strooss vun Aansebuerg op Recken. E Gruef deen der Äisch eng Partie Waasser ofzaapt leeft duerch d'Klouschter, a fëllt do d'Frelleweieren.
Ëstlech vum Mariendall läit um Kollefeld de Märjendaller Haff.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Märjendaller Klouschter.
Commons: Mariendall – Biller, Videoen oder Audiodateien |