Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Meesebuerg | |
---|---|
Den Dall vun der Manzebaach mam Schlass vu Meesebuerg | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Meysembourg de: Meysemburg |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Miersch |
Gemeng | Fiels |
Buergermeeschter | Mirko Martellini |
Awunner | 2[1] |
07.07.2019 | |
Héicht | 348 m |
Koordinaten |
49° 46’ 13’’ N 06° 11’ 14’’ O |
Meesebuerg ass eng Uertschaft an der Gemeng Fiels.
D'Uertschaft läit knapp 2 km ëstlech vun Angelsbierg, um Wupp vum CR117 deen als Sakgaass dohi féiert. Vu Meesebuerg leeft och nach e Gemengewee – dee fir den Duerchgangsverkéier gespaart ass – a Richtung Norden, an huet beim Haff Guddelt Uschloss un den CR118.
An de Wisen hanner dem Meesebuerger Schlass, a Richtung Angelsbierg, entspréngt d'Manzebaach op enger Héicht vun ongeféier 350 m. Se leeft dann op Meesebuerger Gronn mat der Wisebaach an de Meesebuerger Weier, duerno duerch deen Dall, deem si op iwwer 2 km hiren Numm ginn huet. De leschten Deel leeft si iwwer Iernzer Buedem a leeft zu Iernzen dann an d'Wäiss Iernz.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Manzebaach.
Commons: Meesebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |