Meryl Streep | |
---|---|
Gebuertsnumm | Mary Louise Streep |
Gebuer |
22. Juni 1949 Summit |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Yale Universitéit, Yale School of Drama |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Synchronspriecher, Schauspiller, Filmproduzent, Televisiounsproduzent |
Partei | Democratic Party |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences |
Famill | |
Bestuet mat | Don Gummer |
Liewenspartner(in) | John Cazale |
Mamm | Mary Wilkinson Streep |
Kanner | Mamie Gummer, Henry Wolfe Gummer, Grace Gummer, Louisa Gummer |
D'Mary Louise "Meryl" Streep, gebuer den 22. Juni 1949 zu Summit, New Jersey, ass eng US-amerikanesch Schauspillerin. No éischten Engagementer am Theater hat si an den 1970er Joren hiren internationalen Duerchbroch mat der Televisiounsserie Holocaust an de Kinosproduktiounen Manhattan, The Deer Hunters a Kramer vs. Kramer.
Zanterhier ass si eng vun de gefrootsten an deene Schauspillerinne mam gréisste kënschtleresche Succès. Si huet bis ewell (2014) dräimol een Oscar gewonnen an hält de Rekord mat net manner wéi 18 Nominéierunge fir dee Präis. Zu hire gréisste kommerziellen Erfolleger zielen Out of Africa (1985), Death becomey her (1992), The Bridges of Madison County (1995), The Devil Wears Prada (2006), Mamma Mia! (2008), Julie & Julia (2009) an It's Complicated (2009).[1]
Si ass zanter 1978 mam Sculpteur Don Gummer bestuet an huet véier Kanner.
Kinofilmer
Commons: Meryl Streep – Biller, Videoen oder Audiodateien |