Bei de Partielle Chamberwale vum 3. Juni 1934 handelt et sech ëm Wale fir d'Chamber, dat lëtzebuergescht Parlament, déi nëmmen an de Walbezierker Süden an Osten ofgehale goufen. Am Südbezierk goufen 22 an am Ostbezierk 7 Deputéiert gewielt.
Vun den 53.591 ageschriwwene Wieler hunn der 92,35% un der Wal deelgeholl.[1]
Partei | Sëtz |
---|---|
Rietspartei | 12 |
Aarbechterpartei | 10 |
Radikal-Liberal Partei | 3 |
Onofhängeg Lénkspartei | 3 |
Kommunistesch Partei | 1 |
Onofhängeg National Vereenegung | 0 |
Mëttelstandspartei | 0 |
Total | 29 |
Den 3. Juni 1934 goufen 22 Deputéiert am Südbezierk gewielt. Dat sinn der zwee méi wéi bei de Chamberwalen 1928.
D'Rietspartei huet ee Sëtz dobäi gewonnen a konnt aacht Deputéiert an d'Chamber schécken. D'Aarbechterpartei konnt hir 10 Deputéiertemandater verdeedegen.
Déi nei Radikal-Liberal Partei krut dräi Sëtz. Och d'Kommunistesch Partei (KPL) konnt fir d'éischte Kéier e Vertrieder an d'Parlament schécken. D'Wal vun där hirem Vertrieder, der KPL hirem Generalsekretär Zénon Bernard, huet déi antikommunistesch konservativ Milieuen awer därmoosse beonrouegt, datt si säi Mandat wärend der éischter Chamberssëtzung de 27. November 1934 fir ongëlteg erkläert hunn, mat der Begrënnung, datt hien als Revolutionär keen Eed op d'Verfassung kéint ofleeën. Deen Dag huet de Zénon Bernard och seng eenzeg Ried an der Chamber gehalen.[2],[3]
Den Hubert Loutsch, den eenzegen Deputéierte vun der Onofhängeger Nationaler Vereenegung am Walbezierk Süden, gouf net méi gewielt. Op senger Lëscht stoungen 11 Kandidatinnen, dorënner ënner anerem d'Catherine Kill. Domat war d'Hallschent vun all de Persounen op där Lëscht weiblech. Soss hunn nëmmen nach op der Lëscht vun der Kommunistescher Partei zwou Frae kandidéiert.[1] Et gouf awer bei de Wale keng Kandidatin gewielt, wat an der Zäitschrëft vun der feministescher Action féminine staark bedauert gouf:
D'Mëttelstandspartei hat eng Lëscht mat engem eenzege Kandidat, dem Henri Geimer, opgestallt, deen awer net gewielt gouf a mat nëmme 793 Stëmmen ee vun den niddregste Score vun alle Kandidaten am Südbezierk hat.
Genee wéi 1928 goufen am Ostbezierk siwen Deputéiert gewielt. Nëmmen zwou Parteien haten eng Lëscht opgestallt: d'Rietspartei an d'Onofhängeg Lénkspartei. Déi éischt huet ee Sëtz verluer. D'Onofhängeg Lénkspartei huet ee Sëtz gewonnen.
Partei / Lëscht | Süden | Osten | Total |
---|---|---|---|
Rietspartei | 8 | 4 | 12 |
Aarbechterpartei | 10 | / | 10 |
Radikal-Liberal Partei | 3 | / | 3 |
Kommunistesch Partei | 1 | / | 1 |
Onofhängeg National Vereenegung | 0 | / | 0 |
Mëttelstandspartei | 0 | / | 0 |
Onofhängeg Lénkspartei | / | 3 | 3 |
Total | 22 | 7 | 29 |
/: keng Kandidaten an deem Bezierk