Paul Kuhn | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
12. Mäerz 1928 Wiesbaden |
Gestuerwen |
23. September 2013 Bad Wildungen |
Nationalitéit | Schwäiz |
Aktivitéit | Schauspiller, Pianist, Bandleader, Dirigent, Filmschauspiller, Sänger |
![]() |
De Paul Kuhn, gebuer den 12. Mäerz 1928 zu Wiesbaden a gestuerwen den 23. September 2013 zu Bad Wildungen, war en däitsch-schwäizeresche Pianist, Bandleader, Schauspiller a Sänger.
Bekannt gouf e mat Schlager wéi Der Mann am Klavier (1954) an Es gibt kein Bier auf Hawaii (1963). 1968 huet en d'Leedung vun der Big Band vum Sender Freies Berlin iwwerholl, mat där hien a ville Fernseessendungen opgetratt ass. Seng wierklech Passioun war awer den Jazz.