Petula Clark | |
---|---|
![]() am Joer 2012 | |
Gebuertsnumm | Sally Clark |
Gebuer |
15. November 1932 Ewell |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Kannerschauspiller, Sänger, Komponist, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Discographesche Kënschtler |
Famill | |
Papp | Leslie Clark |
![]() |
D'Petula Sally Olwen Clark,CBE, gebuer de 15. November 1932 zu Ewell an der englescher Grofschaft Surrey ass eng brittesch Schauspillerin a Popsängerin.
D'Petula Clark huet mat 7 Joer ugefaangen an engem Kannerchouer ze sangen an huet och ganz jonk scho bei der BBC gesongen. Si gouf séier e Kannerstar an hat bis 1950 schonn an 20 Filmer matgespillt.
Ee vun hire gréisste Succèse war Downtown, déi 1964 bei Vogue op enger 7" Single erauskoum, vun där 3 Millioune Placke verkaaft goufen.
D'Petula Clark huet sech 1961 mat dem franséische Journalist Claude Wolff bestuet, an d'Koppel krut dräi Kanner. Nodeem si a Frankräich geplënnert war krut se do eng eege Tëleesendung an ass och en ettlech Kéieren am Olympia opgetrueden. Si huet eng Zäit an Amerika gewunnt an huet do a Filmer mam Fred Astaire a mam Peter O'Toole matgespillt. (Goobye, Mr. Chips).
Si krut 1998 den Uerden Commander of the British Empire.
Commons: Petula Clark – Biller, Videoen oder Audiodateien |