Philippe de Broca | |
---|---|
Gebuertsnumm | Philippe Claude Alex de Broca |
Gebuer |
15. Mäerz 1933 12. Arrondissement |
Gestuerwen |
26. November 2004 Neuilly-sur-Seine |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | École Louis-Lumière |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Regisseur |
Famill | |
Bestuet mat | Margot Kidder, Valérie Rojan |
Liewenspartner(in) | Marthe Keller |
De Philippe de Broca , gebuer als Phillipe Claude Alex de Broca de Ferrussac de 15. Mäerz 1933 zu Paräis a gestuerwen de 26. November 2004 zu Neuilly-sur-Seine war e franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
De Philippe de Broca huet Filmer mat franséische Stare wéi Jean-Pierre Cassel, Françoise Dorléac, Jean-Paul Belmondo, Yves Montand, Philippe Noiret a Catherine Deneuve gedréint. Hien ass besonnesch bekannt duerch Filmer wéi Cartouche (1962), L'homme de Rio (1964) a Les tribulations d'un chinois en Chine (1965), allkéiers mam Jean-Paul Belmondo an der Haaptroll.