Pierre Notting | |
---|---|
Gebuer |
11. Februar 1825 Bollenduerf |
Gestuerwen |
2. November 1895 Lampertsbierg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Rousenziichter |
Famill | |
Geschwëster | Anne Marie Notting |
![]() |
De Pierre Notting oder Petrus Notting, gebuer den 11. Februar 1825 zu Bollendorf am Kinnekräich Preisen[1],[2], gestuerwen den 2. November 1895 um Lampertsbierg an der deemoleger Gemeng Rollengergronn, war e Rousenziichter.
Zesumme mam Jean Soupert, huet hien 1855 d'Rousenziichterei Soupert & Notting gegrënnt.
1867 krut de Pierre Notting duerch Naturalisatioun déi Lëtzebuerger Nationalitéit.
Fir un den Notting z'erënneren, gouf um Lampertsbierg eng Strooss, d'Rue Pierre Notting, no him genannt.[3]