![]() |
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Proporzsystem (och nach Proportional Ofstëmmung[1], (fr) système de la représentation proportionnelle) ass e Walsystem, bei deem d'Zuel vun de Sëtz, déi ze besetze sinn, méiglechst genee am Verhältnis (= proportional), wéi ofgestëmmt gouf, zougedeelt gëtt.
Nieft e puer anere Methoden ass d'Lëschtewal déi heefegst Form am Proporzsystem.
De Prinzip vun der proportionaler Ofstëmmung ass am 19. Joerhonnert mat de politesche Parteien entstanen a gëtt gemenkerhand dem Victor Considerant zougeschriwwen. D'Belsch war dat éischt Land, dat de Proporzsystem 1899 fir d'Parlamentswal, no der Method, déi vum Victor D'Hondt ausgeschafft gouf, agefouert huet. D'Method vum D'Hondt gëtt och zu Lëtzebuerg applizéiert.
Zu Lëtzebuerg gëtt bei den Europawalen, de Chamberwalen, bei de Gemengewalen an de Gemenge mat op d'mannst 3.000 Awunner a bei de Sozialwalen nom Proporzsystem gewielt.
Jidder Wieler däerf esou vill Stëmme verginn, ewéi et Vertrieder (Europadeputéiert, Deputéiert, Gemengeréit oder Vertrieder an de Beruffschamberen) an de jeeweilege Gremien ze wiele gëtt.
De Wieler kann entweder
Am Fall vu perséinleche Stëmme kann de Wieler Kandidaten aus enger eenzeger Lëscht stëmmen oder panachéieren, d. h. Kandidate vu verschiddene Lëschte wielen.
D'Sëtz ginn am Verhältnis zu all de Stëmme verdeelt: als éischt gëtt d'Zuel vun de Sëtz op Basis vun de Lëschtestëmmen ((fr) suffrage de liste) bestëmmt an duerno d'Kandidate mat de meeschte perséinleche Stëmmen ((fr) suffrage nominatif) an der jeeweileger Lëscht.
Fir d'Gemengewalen den 11. Juni 2023 gouf a follgende 46 Gemengen nom Proporzsystem gewielt: Bartreng, Beetebuerg, Betzder, Biissen, Klierf, Conter, Dikrech, Déifferdeng, Dippech, Diddeleng, Iechternach, Esch-Uelzecht, Ettelbréck, Fréiseng, Gréiwemaacher, Habscht, Hesper, Jonglënster, Käerjeng, Keel, Kielen, Koplescht, Luerenzweiler, Lëtzebuerg, Mamer, Miersch, Mäertert, Monnerech, Munneref, Nidderaanwen, Péiteng, Rammerech, Réimech, Réiser, Rëmeleng, Sandweiler, Suessem, Schëffleng, Schëtter, Stengefort, Steesel, Stroossen, Ëlwen, Walfer, Wolz a Wëntger.
De Proporzsystem ass dee Walsystem, deen an onofhängege Staaten mat direkte Walen am verbreetsten ass.