D'Regierung Thilges war vum 20. Februar 1885 bis den 22. September 1888 am Amt.
Spekulatiounen op der Bourse, vun deenen de Félix de Blochausen duerch Insider-Wësse profitéiert huet, féieren dozou, datt hien zerécktriede muss. Op d'Demande vum Kinnek-Groussherzog proposéiert den Emmanuel Servais eng nei Regierung, mat un der Spëtzt dem Édouard Thilges.
D'Regierung besteet weiderhin aus véier Generaldirektiounen, déi follgendermoosse besat sinn:
Mat der Demissioun vum Staatsminister Thilges aus gesondheetleche Grënn[2], gëtt seng Regierung den 22. September 1888 opgeléist[3].
Ënnert der Leedung vum Generaldirekter fir d'Finanzen, Mathias Mongenast, geet et dem Land gutt. D'Entwécklung vum Zollveräin an den Opstig vun der Stolindustrie garantéieren dem Staat stännege Recetten. Grouss Zomme ginn an d'Fäerdegstellung vum Reseau vun der Vizinaleisebunn investéiert.