Reiler | |
---|---|
Reiler | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Reuler de: Reuler |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Klierf |
Gemeng | Klierf |
Buergermeeschter | Georges Keipes |
Awunner | 301 |
01.01.2018 | |
Fläch | 416,98 ha |
Héicht | 469 m |
Koordinaten |
50° 03’ 28’’ N 06° 02’ 11’’ O |
Reiler ass eng Uertschaft an der Gemeng Klierf.
D'Kanner vun der Gemeng Klierf ginn op Reiler an d'Grondschoul.
Reiler gouf fir d'éischt an engem Tauschakt, tëschent dem Walter vu Klierf an dem Walter vu Meesebuerg, aus dem Joer 1324 als Rular ernimmt. Aner Nimm waren Ruller 1495, Ruler 1501, Rullen 1531, Reuller 1624, Reiller 1681, Reyler 1681, Relair (?) a Reyller 1762.
Vu 1795 bis 1823 huet et zu der Gemeng Munzen gehéiert, an zanterhier zu der Gemeng Klierf.
Commons: Reuler – Biller, Videoen oder Audiodateien |