Richard Todd | |
---|---|
![]() am Trailer vum Film "Stage Fright" (1950) | |
Gebuertsnumm | Richard Andrew Palethorpe-Todd |
Gebuer |
11. Juni 1919 Dublin |
Gestuerwen |
3. Dezember 2009 Grantham |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, Irland |
Educatioun |
Shrewsbury School, Royal Military College vu Sandhurst |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Regisseur, Schauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Catherine Stewart Crawford Grant-Bogle, Virginia Mailer |
Papp | Andrew William Palethorpe-Todd |
Kanner | Peter Palethorpe-Todd, Fiona Margaret Todd, Andrew Palethorpe-Todd, Seumas Palethorpe-Todd |
![]() |
De Richard Todd gebuer als Richard Andrew Palethorpe-Todd den 11. Juni 1919 zu Dublin, Irland a gestuerwen den 3. Dezember 2009 zu Grantham, Lincolnshire war e brittesche Schauspiller a Fallschiermjeeër-Offizéier am Zweete Weltkrich.
Seng Kandheet huet de Richard an Indien verbruecht. Duerno ass seng Famill zeréck an England komm. Hien ass do op d'Militärakademie Sandhurst gaangen. Am Zweete Weltkrich ass hien an d'Arméi gaangen a war de 6. Juni 1944 bei der Landung vun den alliéierten Truppen an der Normandie dobäi. Hie war ee vun den éischten Zaldoten deen hanner de feindleche Linne gelant war. Zesumme mam John Howard hat hie gehollef bei der Operatioun Tonga d'Pegasus-Bréck z'erueweren.