De lëtzebuergesche Begrëff fir dëst Lemma ass eng Kreatioun vun engem Wikipedia-Auteur. En ass senges Wëssens bis ewell soss néierens nogewise ginn. Wier dat dach de Fall, soll dës Schabloun ewechgemaach an d'Quell ugi ginn. Wann a Fachkreesser en aneren Numm existéiere géif, sollt den Artikel natierlech deementspriechend geännert ginn.
Grondsätzlech ass et net un der Wikipedia, Konzepter z'erfannen. Allerdéngs wier hei d'Alternativ gewiescht, datt et soss guer keen Artikel iwwer dëse Sujet géif.
Risebiereklo
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Uerdnung Apiales
Famill Apiaceae
Gattung Heracleum
Wëssenschaftlechen Numm
Heracleum mantegazzianum
Sommier & Levier

D'Risebiereklo[1] (Heracleum mantegazzianum Somm. & Lev.) ass eng zwee- bis méijähreg Planz aus der Famill vun den Doldenblütler (Apiaceae). Se kënnt ursprénglech aus dem Kaukasus an ass an Europa an Nordamerika en etabléierten Neophyt.

Beschreiwung

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Gesondheetlech Geforen

[änneren | Quelltext änneren]

D'Risebiereklo ka fir de Mënsch geféierlech ginn. Duerch eng Beréierung vun der Planz gëtt d'Haut fir zirka 2,5 Stonne staark photosensibiliséiert duerch Furanocumarinen, déi an allen Deeler vun der Planz ze fanne sinn. Wann d'Haut der Sonn oder eng aner ultravioletter Stralungsquell ausgesat ass, kann dat zu schwéiere Verbrennunge féieren (bis zum 2. Grad), déi ënner Ëmstänn nëmme ganz lues heelen.

D'Risebiereklo zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

D'Risebiereklo ass zu Lëtzebuerg invasiv an an alle Regioune verbreet, virun allem laanscht d'Flëss, an ass a voller Expansioun.[2] D'Aart gouf 1935 fir d'éischt vum Edmond Joseph Klein a sengem Virgäertchen um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte an der Stad als botanesch Kuriositéit gezillt.[3]

D'Aart gëllt als exzellent Beieweed a gëtt dowéinst dacks vu lëtzebuergesche Beienziichter ausgeséit, obwuel et gesetzlech verbueden ass, zur Ausbreedung vu friemen Aarten an der Gréngzon beizedroen.

Illustratiounen

[änneren | Quelltext änneren]

Literatur

[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Heracleum mantegazzianum – Biller, Videoen oder Audiodateien

https://neobiota.lu/heracleum-mantegazzianum/

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Dës Aart huet nach kee lëtzebuergeschen Numm. Den Henri Klees nennt just d'Nimm Rackebrout respektiv Tuten fir d'Gattung Heracleum (de: Bärenklau), vun där et bei eis bis 1935 just eng eenzeg Aart gouf: Heracleum sphondylium (de: Wiesenbärenklau). Et kéint een d'Aart deemno och Riserackebrout respektiv Risentuten deefen. Fir eng Klo kann een och Pratz (de: Tatze) soen, deemno kéint een d'Aart och nach Risebierepratz nennen.
  2. Cf. Glesener et al. 2009 an der Literatur.
  3. Quell: mëndlech Matdeelung vum Professer Léopold Reichling, zirka 2005.