Sergio Grieco | |
---|---|
Gebuer | 13. Januar 1917 |
Gestuerwen |
30. Mäerz 1982 Roum |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur |
De Sergio Grieco, gebuer den 13. Januar 1917 zu Codevigo, Provenz Padua a gestuerwen den 30. Mäerz 1982 zu Roum, war en italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
De Sergio Grieco huet sech a senger Karriär ëmmer dem Zäitgeescht ugepasst, a sou dee Genre vu Filmer gedréint, déi grad an deem Moment a Moud waren.
Hien huet och Filmer ënner dem Numm Terence Hathaway an dem Numm Sergio Alessandrini gedréint