Simone Lutgen | |
---|---|
Gebuer |
29. Mee 1906 Metz |
Gestuerwen |
27. Abrëll 1994 Antwerpen |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur |
D'Simone Lutgen, gebuer den 29. Mee 1906 zu Metz a gestuerwen de 27. Abrëll 1994 zu Antwerpen, war eng Sculptrice, Graphikerin an Dekoratrice.
Hire Papp war vun Noutem, hir Famill huet awer zu Metz, an duerno zu Antwerpen gelieft. Dofir ass si zu Lëtzebuerg relativ onbekannt. Si huet zu Antwerpen eng duebel Ausbildung als Sculptrice op der Académie royale des beaux-arts, an eng praktesch orientéiert Ausbildung a Werbegraphik an der École des Métiers d'Art gemaach.[1]
1937 krut si de Prix Grand-Duc Adolphe. 1939 huet si eng groussflächeg Collage am Lëtzebuerger Pavillon vun der Weltausstellung zu New York realiséiert. 1940 huet si de Concours fir d'Gestaltung vum Diplôme du Centenaire vum Comité olympique luxembourgeois gewonnen.[2] 1956 huet si eng 23 Meter laang Wanddekoration aus Metallfigure fir de Buffet vun der Stater Gare entworf. Déi gouf an den 1990er Joren ewechgeholl.
Nieft hire grapheschen Aarbechten huet si och mat de verschiddenste Materialer experimentéiert, nieft Metall och mit Gips, Leem, Steen an Holz.