![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Walter Gropius | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Walter Adolf Georg Gropius |
Gebuer |
18. Mee 1883 Berlin |
Gestuerwen |
5. Juli 1969 Boston |
Nationalitéit | Däitscht Keeserräich, Weimarer Republik, Däitscht Räich 1933–1945, Däitschland |
Aktivitéit | Architekt, Pedagog, Urbanist, Designer, Enseignant |
Member vun | Deutscher Werkbund, Congrès international d'architecture moderne, Royal Academy, American Academy of Arts and Sciences, Academia Nacional de Bellas Artes de Argentina, American Academy of Arts and Letters |
Famill | |
Bestuet mat | Alma Mahler-Werfel |
![]() |
De Walter Adolf Georg Gropius, gebuer den 18. Mee 1883 zu Berlin a gestuerwen de 5. Juli 1969 zu Boston (Massachusetts) war en däitsch-amerikaneschen Architekt a Grënner vum Bauhaus. Zesumme mam Ludwig Mies van der Rohe a mam Le Corbusier zielt hien zu de Matgrënner vun der moderner Architektur.
Dem Walter Gropius säi Papp Walter war Baurat an der Berliner Bauverwaltung an säi Moni Martin Gropius war e bekannten däitschen Architekt. De Walter Gropius ass 1915 mat der Alma Mahler bestuet ginn. 1920 si se gescheet ginn. 1934 ass hien op London geplënnert a vun 1938 un bis zu sengem Doud den 5. Juli 1969 huet de Walter Gropius haaptsächlech an den USA zu Lincoln am Massachusetts gelieft.[1]
De Walter Gropius studéiert ëm 1903 op der Technescher Héichschoul zu München an duerno op der Technescher Héichschoul zu Berlin-Charlottenburg.
Commons: Walter Gropius – Biller, Videoen oder Audiodateien |