![]() |
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dominique Davray | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Marie-Louise Gournay |
Gebuer |
27. Januar 1919 6. Arrondissement |
Gestuerwen |
16. August 1998 19. Arrondissement |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Filmschauspiller |
![]() |
D'Dominique Davray, gebuer als Marie-Louise Gournay, gebuer de 27. Januar 1919 zu Paräis an och do gestuerwen de 16. August 1998, war eng franséisch Schauspillerin.
Si huet a bedeitende Filmer wéi am Drama Casque d'or (1952) vum Jacques Becker, dem Kriminalfilm To Catch a Thief (1955) vum Alfred Hitchcock, dem Spionagefilm Les espions vum Henri-Georges Clouzot an am Nouvelle Vague Filmdrama Cléo de 5 à 7 (1962) vun der Agnès Varda matgespillt.
Dernieft war si och a populäre Filmer wéi Notre-Dame de Paris (1956) vum Jean Delannoy nom Roman vum Victor Hugo, weider a Maigret tend un piège (1958) vum Jean Delannoy nom Kriminalroman mam selwechte Numm vum Georges Simenon, dem historesche Kaméidis- a Raiberfilm Cartouche (1962) vum Philippe de Broca an dem Gangsterfilm Mélodie en sous-sol (1963) vum Henri Verneuil ze gesinn.