Fernand Schwachtgen | |
---|---|
Gebuer |
16. November 1910 Miersch |
Gestuerwen |
14. Januar 2000 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Dokter, Resistenzler |
![]() |
De Fernand Schwachtgen, gebuer de 16. November 1910 zu Miersch a gestuerwen de 14. Januar 2000 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Dokter, Resistenzler an Direkter vum Staatslaboratoire.[1]
De Fernand Schwachtgen huet am Abrëll 1937 den Doktorat an der Medezin am Kader vun der Collation des grades gepackt. Den Exame fir den Doktorat an der Chirurgie an den Doktorat an der Gebuertshëllef konnt hien eréischt am Mee 1946 maachen.[2] Den 22. Mee 1946 ass hien als Dokter zu Lëtzebuerg zougelooss ginn.[1] Mat der Ënnerstëtzung vun der Regierung konnt hie sech an der Anatomie-Pathologie op der Universitéit vu Stroossbuerg weiderbilden. Dono huet hien als Médecin-assistant am Staatslaboratoire geschafft. De 15. September 1954 ass hien als Nofollger vum pensionéierte Pierre Schmol Direkter vum Staatslaboratoire ginn. 1975 ass hien an d'Pensioun gaangen; an der Tëscht hat de Staatslaboratoire duerch d'Gesetz vum 25. Juni 1965 den Numm Institut d'hygiène et de santé publique kritt.[3]
Wärend enger Rei vu Joren huet de F. Schwachtgen och als Chargé de cours d'Histo-Embryologie um Cours supérieur enseignéiert.[1]
Am Zweete Weltkrich war de Fernand Schwachtgen en aktive Member vun der Resistenzorganisatioun L.V.L.[4] Ënner dem Code-Numm Jean l'Aveugle huet hien iwwer seng Verbindungsleit a Frankräich den Alliéierte wichteg Informatiounen iwwer déi däitsch Versuchsanlag fir de Bau vu V1- a V2-Rakéiten zu Peenemünde geliwwert.[5] De F. Schwachtgen huet an e puer Artikelen am «Rappel», dem Organ vun der Ligue luxembourgeoise des prisonniers et déportés politiques heiriwwer erzielt.[6]. Seng Roll an där Affär gëtt awer och z. B. am Buch Operation Crossbow: The Untold Story of the Search for Hitler’s Secret Weapons (2014) vum Allan Williams behandelt[7] ; säin Numm daucht och op am Buch Target London: Under attack from the V-weapons during WWII (2012) vum Christy Campbell.
Am Comité vun der L.V.L., deen um Kongress vun der Organisatioun vum 25. November 1945 gewielt gouf, war de F. Schwachtgen Vizepresident.[8]
De Fernand Schwachtgen ass 1950 Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) ginn.[9]
AAm Juni 1955 gouf hie Membre correspondant vun der wëssenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal.[10] An der Sëtzung vum 31. Januar 1957 ass hien als Membre effectif proposéiert ginn, an hien huet bei där Geleeënheet e Virtrag gehalen iwwer de Sujet Statistique des examens cancérologiques effectués au Laboratoire de l'Etat de 1952 à 1956.[11] An der nächster Sëtzung, d.h. de 16. Abrëll 1957, ass hien dann definitiv als Membre effectif ugeholl ginn.[12]
Als Auteur oder Coauteur huet de F. Schwachtgen eng Rei vu wëssenschaftlechen Artikele publizéiert, an deenen toxikologesch Sujete wéi Vergëftungen duerch E 605 (Parathion), duerch Methylalkohol, duerch den hollännesche Margarine «Planta» behandelt goufen, oder pathologesch Theemen.[13] Am «Rappel» huet de F. Schwachtgen iwwer seng Erliefnesser a seng Ënnergronnd-Aktivitéit am Zweete Weltkrich geschriwwen. An den Archives vun der wëssenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal huet hien e Noruff fir de belsche Mikrobiolog Jules Bordet (1870-1961), deen Éieremember vun der Sektioun war, publizéiert.[14]
A senger Sëtzung vum 4. Oktober 2010 huet de Mierscher Gemengerot decidéiert, eng Strooss am neie Baugebitt «Koppelwee II» rue Fernand Schwachtgen ze nennnen.[15]