Franz Antel | |
---|---|
Gebuer |
28. Juni 1913 Wien |
Gestuerwen |
11. August 2007 Wien |
Nationalitéit | Éisträich |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Journalist |
![]() |
De Franz Josef Antel, gebuer den 28. Juni 1913 zu Wien an och do den 12. August 2007 gestuerwen, war en éisträichesche Filmregisseur, Produzent an Dréibuchauteur. Hien huet an iwwer 100 Spillfilmer Regie gefouert, a verschiddenen dovun ënner dem Pseudonym François Legrand.
De Franz Antel huet op der Filmakademie zu Wien studéiert, a war an den 1930er Joren, Regie- a Produktiounsassistent, zanter 1935 zu Berlin.
1949 koum säin éischte Film Das singende Haus an d'Kinoen. Zanterhier war en an Éisträich an an Däitschland gefrot fir Ënnerhalungs- (Ohne Krimi geht die Mimi nie ins Bett) an "Heimat"-Filmer (Auf der Alm, da gibt's koa Sünd), a fir Filmer, déi an der Keeserzäit gespillt hunn.
Zanter der Mëtt vun den 1960er Joren huet hien ëmmer méi dacks "Erotik"filmer gedréint, déi Titele wéi Frau Wirtin bläst auch gern Trompete oder Die liebestollen Apothekerstöchter haten, déi och zu Lëtzebuerg hire Public haten.
Bis an den héijen Alter - säi leschte Film ass vun 2003 - war hien als Regisseur aktiv.
De Franz Antel war fënnefmol bestuet, dovun déi véiert a fënneft Kéier mat der selwechter Fra.