Hans Holt | |
---|---|
Gebuertsnumm | Karl Johann Hödl |
Gebuer |
22. November 1909 Wien |
Gestuerwen |
3. August 2001 Baden |
Nationalitéit | Éisträich |
Aktivitéit | Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schrëftsteller, Televisiounsschauspiller, Dramaturg |
Den Hans Holt, gebuer als Karl Johann Hödl den 22. November 1909 zu Wien a gestuerwen den 3. August 2001 zu Baden bei Wien, war en éisträichesche Schauspiller.
Den Hans Holt huet seng Schauspillercarrière zu Wien am Wiener Volkstheater ugefaangen. Am Joer 1936 huet hien a sengem éischte Film Katharina, die Letzte, vum Henry Koster matgespillt. Seng bekanntst Roll als Baron von Trapp huet hien an de Filmer Die Trapp-Familie (1956) an Die Trapp-Familie in Amerika (1958) gespillt.