Gemeng Welleschten | |
---|---|
Aussprooch |
|
An anere Sproochen |
fr: Wellenstein de: Wellenstein |
Land | Lëtzebuerg |
Awunner | 1.315 |
2008 | |
Fläch | 742 ha |
Héicht | 173 m |
Koordinaten |
49° 31’ 25’’ N 6° 20’ 30’’ O 49°31'25"N, 6°20'30"E |
Websäit | http://www.wellenstein.lu/ |
D'Gemeng Welleschten war bis Enn 2011 eng lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Réimech, ier se du mat de Gemenge Biermereng a Schengen zu der Gemeng Schengen fusionéiert huet. D'Gemengenhaus stoung zu Bech-Maacher, hiren Numm hat se vun der Uertschaft Welleschten.
Welleschten war eng typesch Wënzergemeng am Museldall. Um ënneschte flaachen Deel laanscht Musel sinn tëscht de Wéngerten Uebstplantagen, meeschtens mat Äppelbeem. Am Weste vun den Uertschafte vnu der fréierer Gemeng, op den Häng stinn d'Wéngerten, an op de Koppen, op der Grenz mat de Gemengen Duelem, Munneref a Biermereng sti Bëscher.
Déi héchst Plaz an der deemoleger Gemeng ass am Kapebësch, westlech vu Welleschten, um Tracé vun der N16 eng ronn 100 Meter vun der Gemengegrenz Welleschten-Munneref-Biermereng, mat 292 Meter, an déi déifst ass op der Musel mat 140,50 Meter.
Beschreiwung am Originaltext:
|
De 27. Januar 2010 haten d'Gemengeréit vu Schengen, Biermereng a Welleschten zougestëmmt, eng Prozedur an d'Weeër ze leeden, fir hir Gemengen ze fusionéieren. Den 10. Oktober 2010 hunn an engem Referenden dozou och d'Majoritéit vun de Leit an deene betraffene Gemengen enger Fusioun 2012 zougestëmmt.[2]
Den Numm vun der vergréisserter Gemeng ass "Schengen".[3]
Commons: Welleschten – Biller, Videoen oder Audiodateien |