Jane Birkin | |
---|---|
D'Jane Birkin 2017 | |
Gebuertsnumm | Jane Mallory Birkin |
Gebuer |
14. Dezember 1946 London |
Gestuerwen |
16. Juli 2023 6. Arrondissement |
Doudesursaach | Leukemie |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, Frankräich |
Educatioun |
École Jeannine Manuel, Miss Ironside's School |
Aktivitéit | Sänger, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Discographesche Kënschtler, Dréibuchauteur, Filmregisseur, Fotomodell, Schauspiller, Regisseur, Mannequin |
Famill | |
Bestuet mat | John Barry |
Liewenspartner(in) | Serge Gainsbourg, Jacques Doillon |
Papp | David Leslie Birkin |
Mamm | Judy Campbell |
Geschwëster | Andrew Birkin, Linda Birkin |
Kanner | Kate Barry, Charlotte Gainsbourg, Lou Doillon |
![]() |
D'Jane Birkin, (OBE) gebuer als Jane Mallory Birkin de 14. Dezember 1946 zu Marylebone, engem Quartier vun der City of Westminster zu London, a gestuerwen de 16. Juli 2023 zu Paräis, war eng englesch Schauspillerin, Filmregisseurin a Sängerin, déi zanter dem Enn vun den 1960er Jore haaptsächlech a Frankräich gelieft a geschafft huet.
D'Jane Birkin war d'Duechter vum Lieutenant-Commander (Korvettekapitän) David Birkin an der Schauspillerin Judy Campbell. Hire Brudder ass de brittesche Filmregisseur an Dréibuchauteur Andrew Birkin. Si war d'Mamm vun der Fotografin Kate Barry an de Schauspillerinne Charlotte Gainsbourg a Lou Doillon.
D'Jane Birkin hat eng kleng ma opfälleg Roll am Film am Michelangelo Antonioni sengem Blow Up (1967). 1968 huet si nieft der Romy Schneider an dem Alain Delon a La Piscine vum Jacques Deray gespillt.
Wärend den Dréiaarbechte vu Slogan huet si de Serge Gainsbourg kennegeléiert. 1969 huet si mat him d'Lidd Je t'aime … moi non plus opgeholl, dat de Gainsbourg scho mat der Brigitte Bardot opgeholl, ma op hire Wonsch net publizéiert hat. D'Lidd, méi gekeimt wéi gesongen, gouf, obwuel oder éischter well et op ville Radiosstatiounen verbuede war, et ze spillen, e grousse Succès. De Gainsbourg an d'Birkin hunn dono deels solo, deels zesummen, Musek produzéiert. D'Jane Birkin huet an där Period och a ville Filmer matgespillt, dorënner Le mouton enragé vum Michel Deville an Death on the Nile vum John Guillermin, souwéi och a ville wéineg bekannte Filmer. No hirer Trennung vum Gainsbourg, 1980, war si mam Regisseur Jacques Doillon zesummen, deen et hir erméiglecht huet, méi usprochsvoll Rollen ze spillen.
Commons: Jane Birkin – Biller, Videoen oder Audiodateien |