Pierre Richard | |
---|---|
am Joer 2015 | |
Gebuertsnumm | Pierre-Richard Maurice Charles Léopold Defays |
Gebuer |
16. August 1934 Valenciennes |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Komiker, Filmregisseur, Dréibuchauteur |
De Pierre Richard, gebuer als Pierre Richard Maurice Charles Léopold Defays de 16. August 1934 zu Valenciennes, ass e franséische Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
De Pierre Richard ass am Film Alexandre le bienheureux (1967) vum Yves Robert fir d'éischt opgefall. Duerno hat hien e gewësse Succès bei de Filmkritiker als Regisseur mat de Filmer Le distrait (1970) a Les malheurs d'Alfred (1971). International ass hien dunn awer mam lëschtegen Agentefilm Le grand blond avec une chaussure noire (1972) vum Yves Robert, bekannt ginn.
Commons: Pierre Richard – Biller, Videoen oder Audiodateien |