John Dehner | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
23. November 1915 Staten Island |
Gestuerwen |
4. Februar 1992 Santa Barbara |
Doudesursaach | Zockerkrankheet |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Schauspiller, Pianist, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller |
![]() |
De John Dehner gebuer als John Forkum den 23. November 1915 op Staten Island am Staat New York, a gestuerwen de 4. Februar 1992 zu Santa Barbara, (Kalifornien) war en US-amerikanesche Schauspiller.
Hien huet vun 1941 bis 1985 a bal 300 Filmer (Kino an TV) matgespillt, dorënner The Left Handed Gun vum Arthur Penn, Men of the West vum Anthony Mann, Scaramouche vum George Sidney an The Boys from Brazil vum Franklin J. Schaffner.
De John Dehner war och a villen Episode vun TV-Serië wéi The Man from U.N.C.L.E., Maverick, 77 Sunset Strip, Bonanza, Rawhide, The Virginian, The Twilight Zone, The High Chaparral, The Doris Day Show, a Columbo ze gesinn.,